Donnerstag, 12. Juli 2007

Folter, Folter, Folter Michi

War et dat wärt mai léiwe Mich?

Gouvernement.lu: Le Conseil est revenu à ses discussions du 27 avril concernant la proposition de loi N°5617 du député Michel Wolter (CSV) portant modification de la loi du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux, telle qu’elle a été modifiée, pour confirmer la décision prise à cette occasion, à savoir qu’il estime que le drapeau tricolore doit garder son statut de drapeau national, mais que sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg l’emblème au Lion Rouge pourra être utilisé au même titre que le drapeau tricolore.

JCJay:
"An alle Fäll bleift de Fändel vun eisem Land no baussen roud-wäiss-blo.""...déi zwee Fändelen hu kee Sträit mateneen. Si gehéieren zesummen."

Michel Wolter (05-10-2006): ""In den letzten Wochen habe ich mich mit rund 300 Personen über diese Frage unterhalten", erklärte Wolter gestern vor der Presse. Weit über 80 Prozent seien der Auffassung gewesen, dass der Roude Léiw besser als Nationalflagge geeignet sei, als die Trikolore. Er sei sich zwar bewußt, dass dies nicht das zentrale Problem der Luxemburger Gesellschaft sei, aber andererseits gebe es nie einen geeigneten Zeitpunkt, um dieses Anliegen auf die Tagesordnung zu setzen."

Wéi ee kann gesinn hun ech eng kleng Recherche iwwert d'Thema gemaach. Eng Débatt déi sech heizuland wahrscheinlech erleedegt huet. Net nemmen den "Folter-Michi" huet sech mat déck ville Leit ennerhaalen mee och ech. An zwar mat exakt 3. Dat ass 1% vun der Quantitéit un Leit géigeniwwer dem Här Wolter. Mee ech sin och kee Politiker. An souvill Kolleegen hunn ech net.

66% vun deenen 3 ass et eegal an eigentlech hun se naischt géint den Roude Léiw. 33% allerdengs sin genau wéi ech der Meenung dass den Débat an déi ganz Polemik en ausseruerdentlech treit Spigelbild vun eis Lëtzebuerger weist. Ech kann heiran nemmen déi fuerchtbar Hysterie, Hypokrisie an HypoVereinsbank...eh pardon dat läscht loosse mer sinn do hunn ech mech geiert. Op alle fall ass et fier mech den Beweis dass ech schleunegst muss heiraus aus deem (globaliséierten) Grossherzogtum. Ausserdeem well ech nach drop hiweisen dass 33% vun dem vu mier befrooten Publikum ugehend Fonktionnären (jo dat bass du Kim!) aus dem kulturellen Beraich sinn.
Zreck zum Thema: dass Staatsbeamten heinsto mol net sou vill ze dinn hun wesse mer als Bierger; dass dat keen Vierurteel ass och.
Meng Froen: War dat wierklech néideg? War et den Drang no Profiléirung? War et den Besoin no enger Plaatz an der Geschicht? An, wéivill kascht de Fësch?

Lo wou d'Saach geklärt ass an mer wessen dass déi zwee Fändelen kee Strait mateneen hun (dat ass just Stoff...bleiwe mer mol sérieux!) kann ee gudde Gewessens op sain Auto kucken an den RockWaissBlo-Sticker betrachten deen wuel dat eenzegt Positivt (ausser dem Ëmsatz an der Auto-collants-industrie) un der ganzer Geschicht ass.

Lo haat en sech an d'Télévisioun gestallt an argumentéiert an diskutéiert an beléiert. Waat déi ganz Saach un Moyen'en verschlongen huet déi hätte kënen fier sennvoll Saachen verbraucht ginn wëll ech net wëssen. Mee dat wollt wuel vun Uffank un keen sou genau wëssen soss hätte mer mat der Geschicht net ugefaangen.
Oder, ass et net sou?

Le Diplômé méritant.

2 Kommentare:

Thierry hat gesagt…

Déi Fro firwat dat Ganzt iwwerhaapt gudd war kann ech der beenwerten: fir Gesetzer duerchzeboxen ouni dass d'Leit eppes dovunner matkréien. Zum Beispill war d'Press esou domatter beschäftegt iwwer de roude Léiw an e puer Faarwen ze berichten, dass de Budget an de 5611 (jo, en ass elo awer duerch, trotz Protest, well kee méi opgepasst huet) kennen duerchgesat gin. Déi Leit déi nach emmer driwwer diskutéiren op de roude Léiw oder Tricolore besser ass, sin dofir firun allem eppes: verdammt domm. Mee (politesch) Ignoranz ass jo eigentlech och typesch lëtzebuergesch.

citizen hat gesagt…

Dat ass eng Theorie déi een duerchaus a Betracht zéie kann géif ech soen. Et ass emmer praktesch d'Medien-opmierksamkeet op en neit Thema ze lenken fier duerch d'Hannerdierchen e klengt dreckegt Gesetz duerchzedrécken.