Donnerstag, 28. Juni 2007

Echt alles wat's de brauchs.

Haut war ech dunn och mat menger Frendin "All we need" kucken. Hall des Soufflantes zu Esch-Belval. Ech wosst jo dass déi Haal derb grouss ass mee d'Héicht vun deem Gebai ass impressionant. Als Student ass et mat 3€ op de Kapp net wierklech deier, 1€ kascht et dann nach wann een dono och an d'Ausstellung iwwer d'Kanneraarbecht geet.

Iwwerrascht ware mer och wou mer, nodeems mer vu frëndlechen Leit den Audioguide kruten, duerch en klenge Gang an d'Haal erakomm sinn. Net dass d'Dimensiounen vun der Haal onimpressionant wieren mee doran ze kommen an dann Bierger vu Sand, eng am Krees dréinend Mini-Concorde an en Holzlaaten-Nobau vun enger Ariane5 (wahrscheinlech ass et eng aaner mee dorems geet et lo net) an beinahe-Original-Gréisst (Rechtschreibung huet grad ausgesaat) ze gesinn erfëllt een dach awer mat Staunen. Op 4 (!) Stäck an verschiddenen Beraicher opgedeelt kann een sech d'Installatiounen, d'Video'en, interaktiv Installatiounen an aaner Exponaten zum Thema Globaliséirung, Equité, ekologeschen "Footprint" an sou weider ukucken. Sou dat war en laangen Saatz mat zwou Opzielungen.
Wéi schon ugeschwaat geet et bei der Ausstellung em d'Symptomer vun der Globalisatioun.
Sou zum Beispill gesait een eng Video-Installatioun vun enger schwedescher Konschtprof. déi op multiplen Bildschiermer Opnahmen vun H&M Geschäfter an Interviewen mat den H&M-Konsumenten weisst. Direkt nierwendrun oder dono gesait een dann Opnahmen vum Wierk an engem asiateschen Land. Huet mier gudd gefall well et déi zwou Welten opmanst op den Bildschiermer no beieneen brengt.

Weiderhin ass den Raum mat den Raiskären eng immens Idee. Et kann een sech op eng méi reel Manéier ukucken wéi d'Gréisstenverhältnisser zweschen verschiddenen Gruppen sin. A witzeg ass et nach derbai.

Falls een sech traut déi riiseg Rutschbahn eroofzerutschen dann soll e mer Bescheed soen. Ech hat den Fotoapparat derbai an konnt dofier net.

Mier huet et gudd gefall. Punkt aus.

Dienstag, 26. Juni 2007

Déck Mauer!



Sou, also: Canon AE-1,Vivitar 28mm/2.8,PANF 50ISO, LC29.
Krassen Vignettage fannen ech. Mauer ass zu Diddleng bei der Schmelz ze fannen.

Empfehlung des Hauses...

Wéi ee kann gesinn maachen ech och alt mol SW (schwaarz-waiss oder och schwuartz-waiss) fotoen. Et faszinéiert mech, ech hun de Kontrast wierklech gären, villaicht zevill souguer mee dat ass en aanren Krich.

SW ass awer lo net, wéi ee kint mengen, einfach eng Faarweg ouni Faarw. Et hängt dovunner oof op een et Analog oder Digital mecht.

Beim Analogen kënt et virun allem op de Choix vum Film oof. Do huet een och lo keng hälle Wull vun verschiddenen Filmer, d'Saach ass relativ iwwersiichtlech. Kodak an virun allem Ilford féieren déi geleefegst (hoffen ech hu lo keen vergiess) Filmer, Kodak 4 an Ilford 7 souwait ech mech net ieren. Natierlech ginn et der scho manner wann een nemmen déi eenzel Filmtypen kuckt an net op d'Sensibilitéit oppasst (gett natierlech och e liicht aanert Bild duerch de Grain). Ech hun lo keng Loscht op all Film eenzel anzegoen well dat éischtens op den Siten steet an zweetens well ech dozou lo keng Loscht hun. Wichteg ass awer: de Choix vum richtegen Film hängt wéi sou oft vum Asaatzgebitt oof an och vun der schlussendlecher Vergréisserung vum Negatif. Well een vill Grain oder net? All Film deckt meeschtens en gewëssen Beraich oof. Ween sech do informéiert ass kloer am Virdeel.

Beim Digitalen ass de Probleem e ganz Aaneren. Et brauch een keen Film ze benotzen also muss een och net zweschen Verschiddenen auswielen. Wou den Analogen SW-Film kloer op SW ausgeluegt ass duerch seng Zesummensetzung benotzt een an der digitaler Welt éischter d'RAW-dateien an entzitt dem Fichier seng Faarwinformatiounen. Wéi dat lo genau funktionéiert wees ech net, sinn ech Wëssenschaftler? Kloer net! Fier den Mensch hannert dem Chip ass just wichteg ze wessen dass een mat der Foto sou wéi se ass nodeems een hier d'Faarw entzunn huet net kann un d'Öffentlechkeet goen (opmanst net a menger Welt). Et feelt meeschtens u Kontrast an d'Foto gesait sou sympathesch aus wéi en USB-stecker. Et feelt un Wärmt, un "Je ne sais pas quoi". Et gesait een direkt dass se aus 10 Megapixel besteet an net aus lauter butzech klengen Sëlwerhalogeniden an frendlechen Bromiden an sou weider (altrem:wëssenschaftlech net ganz korrekt). Dowéinst muss een zu dem RAW-Converter graifen (Lightroom, CaptureNX...) fier der Foto e bessen méi Schwaarz an e bessen méi Waiss ze ginn. Se soll einfach net Gro sinn! Sou huet een Kontrast an wann ee well kann een och natierlech e besselchen Grain dra brengen. Faarwegen Noise gesait meeschtens zimmlech schaiss aus, och well een direkt seng Hierkunft erkennt. Wann een dat ganzt am SW entweckelt gesait dai Saach meeschtens besser aus.Ech hun engker gelies op engem Fotoblog dass eng SW-foto virun allem aus Schwaarz an aus Waiss bestohe sollt. Méi einfach geet et jo awer net.

Souvill dozou, ech hun dat lo missen lassginn.
Waat ech awer nach unbedingt muss weiderginn sinn e puer Links.
-Public Life
-Joe's NYC

An dann nach en absolut immenst Portal mat intressanten Links zu Portfolio'en vun relativ bekannten Künstler: Lightra

Sou lo sinn ech färdeg. Muer geet et weider.

Montag, 25. Juni 2007

Stadt-Land-kee Floss


Einfach immens dass een aus enger Groussstaat, wéi Lëtzebuerg se bekanntlech ass, an 5 Minuten op engem richtegen Feld ka sinn...

Sonntag, 24. Juni 2007

Flotten Owend bei enger ehemoleger Germanistikstudentin

Mer waren bei eng Fra, eng Fra déi vill matgemaach huet. Eng Fra déi lo keng Schoul méi gëtt. Wéisou se net bei der RAF matgemaach huet wees ech allerdings nach emmer net.

Deen lénks huet nach keng Frendin falls et géif een intresséiren :)

Way home...



Bruxelles Underground



D'Phila, och ech war do.