Samstag, 7. März 2009


Dokument III

Pianocktail Mixtape Bengel Pt. 10

Fir d'éischt emol, pardon fir d'Waarden. Ech hat vill ze dinn. Blabla. Mee hei ass en dann, mäi Bäitraag. Eng gudd Initiativ. Mir halen zesummen an dat ass och gudd esou. Ech géif mer wënschen an den nächste Méint e puer nei Leit kënen ze begréissen. Vläit kréie mer der iwwer Twitter iwwerried. Ech gleewen drun. An elo, de Bengel.







Lidd Nummer 1

kennt vum Thorben
heescht Je t’emmène au vent vu Louise Attaque
bedeit him laang Owenter bis moies em véier am Flying mat sou villen Leit an esou villen gudden Momenter

an passt heibai

Lidd Nummer 2

kennt vum Chris
heescht Skinny Love vum Bon Iver
bedeit him e wonnerbaren Album, deen en am Dezember 2008 entdeckt huet a bis well rop a rof lauschtert

an passt heibai

Lidd Nummer 3

kennt vum Joël
heescht There Are Some Remedies Worse Than The Disease vun This Will Destroy You
bedeit him een Lidd, waat wéi gemaach ass fir dobai ze schreiwen, am Reen mam Auto ze fueren an dobai ze fëmmen, fir d’Gedanken op d’Rees iwert groniweleg Länner ze maachen, iwert denen en Zeppelin schwiewt

an passt heibai

Lidd Nummer 4

kennt vum Charel
heescht Bumbo vum Moondog
bedeit him een Lidd, waat ee fesselt an dobäi an eng parallel Welt eranzit, déi wäit eweg an dach nobäi ass. Eppes lieweges fléisst duerch seng musikalesch Oderen, de systolesche Rythmus erënnert de Charel un draamähnlech Sequenzen, déi e nëmmen aus Lynch Filmer an Luciden Dreem hier kennt.

an passt heibäi

Lidd Nummer 5

kënnt vum Georges
heescht The Ice Is Getting Thinner vun Death Cab for Cutie
bedeit him ee Lidd, dat souwuel de gelongenen Ausklang vun engem exzellenten Album duerstellt, wéi och eenzel gelauschtert zum Nodenken ureege kann, besonnesch wann et grad Vältesdag ass.

a passt heibäi.

Lidd Nummer 6

kënnt vum Thierry
heescht War on Sound vu The Moonbabies
bedeit him Zuchfueren duerch England mam Sara an erënnert hien emmer erem drun wéi glécklech en sech dierf schätzen esouvill wonnerbar Leit an sengem Liewen ze hunn
a passt bei all d’Fotoen un senger Mauer.

Lidd Nummer 7

kënnt vum Joël
heescht Parallel Lives vum Róisín Murphy
bedeit him vun der Musek hier huet daat Lidd eppes Hypnotesches, an den Text beschreiwt daat waat ech och denken. Dass mer all verschidde Liewen parallel hun, déi sech nie mateneen vermëschen.
a passt heibäi

Lidd Nummer 8

kënnt vum Claude
Heescht “Midnight in a perfect world” vum DJ Shadow
bedeit him einfach Fernsucht, Kreativitéitsquell, Entspaanung.
passt heibäi

Lidd Nummer 9

kënnt vum Laetitia
heescht Sunshine vum Patrice
bedeit him laang Summerdeeg déi dann nach ze kuerz an ze selten kommen an wéi schéin ët trotz allem as dëst Liewen (a keen aanert) ze hun.

passt heibäi

Lidd Nummer 10

kënnt vum Max
heescht Crosses vu Zero 7
bedeit him Frühstück, Sonn a fréi Moies. 

passt heibäi (kënt geschwenn)

pianocktail-mixtape-bengel-10