Samstag, 28. Juli 2007

Zaitebenen aus der fototechnescher Perspektiv



Wann een sech lo freet wat dat doten ass, ech wees et och net.
Ech kéint lo soen et wier Konscht.
Vlait ass et och Konscht.
Et weisst dass eng Foto net zwangsleefeg de Moment unhällt, dass een an engem weesentlechen Ëmfang ka beaflossen wéieng Momenter zu wéienger Zait agefaangen ginn.
Engersaits d'Luuchten vun der Staat, aanrersaits eng Momentopnahm mat der Hëllef vun engem Blëtz. Engersaits 3,2 Sekonnen Luucht an aanrersaits 1\200 Sekonn. An dat an enger Opnahm.

Aanrersaits kann ech déi leiten Sait empfehlen: Lumas.de an natierlech Kitsuné, mee dat ass eng aaner Saach.
Souwait fier mech, zréck op de Kierchbierg.

P.S.:an emmer schéin Ehrensenf kucken!

Donnerstag, 26. Juli 2007

"Man stelle sich vor, um wieviel besser diese Welt wäre, wenn wir alle - wirklich die ganze Welt- um drei Uhr nachmittags unsere Milch und Kekse bekämen und uns dann zu einem Schläfchen niederlegen würden."

(R. Fulghum)

Mittwoch, 25. Juli 2007

Dienstag, 24. Juli 2007

Montag, 23. Juli 2007

Sonntag, 22. Juli 2007

Weapons of mass destruction

You fucked this one up Mr. Bush.

Samstag, 21. Juli 2007

Lëtzebuergesch...korrekt!

Ech probéieren och alt emol eis Sproch richteg ze schreiwen. Bis lo hun ech dat awer alles éischter op Basis vu mengen selwer-erfonntenen Reegelen gemach. Dat ass lo riwwer, well ech nämlech en Dokument fonnt hun wat mer seet ewéi et geet. Ech ginn dervun aus dass alleng an dësen puer Sätz schon masseg Feeler sinn, dat probéieren ech lo oofzeschaafen.

Wier flott wann allmensch deen sain Blog mat eiser Sprooch fiddert et och wéinstens op ongeféier richteg maache géif. Ech fannen et schued dass ech op franséich masseg Verben an masseg verschiddenen Zaiten (vun deenen der vill Bullshit sinn) déklinéieren (seet een dat sou??) kann mee dass ech mol net wees wéi ech Spro(o)ch richteg schreiwen.

Schock deng Elteren, léier Lëtzebuergesch!

An hep, hei ass de Link: Lëtzebuergesch

Mittwoch, 18. Juli 2007

Entdeckung del dià

En éischten Bléck op dëse Blog seet mer dass e mer gefällt.
Unbedingt e puer Mixen lauschteren

Boule à facettes

"C'est chouette quoi"

Dienstag, 17. Juli 2007

En Artikel deen polariséiert...

...hun ech leider nach net geschriwwen.

Montag, 16. Juli 2007

Erica Lee Chevillar

Ech wollt grad Simpsons kucken...mol rem engker. Stattdessen muss ech leider feststellen dass nach Taff leeft. Dat ass fier mech schon Grond genuch op de Knäppchen ze drecken mee ech hu mer geduet dass et jo sou schlemm net kéint sinn.
Irrtum: E klengen Reportage iwwert d'Erica Lee Chevillar huet mech relativ roosen gemaach. Dat huet Fotoen fier Bikini-Mode gemaach an ass lo an enger High School als Léierin agestallt. Et huet eng Websait mat enger Art Portfolio, dat ass zevill fier d'Elteren.
Taff no sollen déi d'Entlôssung vun der Mme. Chevillar fuerderen an drohen domat hier Kanner vun der Schoul ze huelen. Eng besuergt Mamm, d'Sue Smith, hätt baal ugefaang mat kraischen (!) wou se gewuer ginn ass dass och hiere Jong vun der Mme. Chevillar ennerriicht gëtt.
Oofgesinn vun engem relativ schlechten an bëllegen Reportag an net koherent Film-Material (et gesait een wéi d'E. Chevillar sech bei engem Shooting reckt a streckt woubai hat awer scho längst soll domat opgehaal hun) ass dës ganz Szen lächerlech an représentéiert alltrem en prüd an hypokritescht Amerika (ok nemmen Florida).
De Grond vun der Opreegung ass jo déi relativ plaakeg Duerstellung vun der Prof. wat, sou d'besuergt Mammen e schlecht Fierbild fier déi Jonk wier. Et ass Florida, et ass waarm an ech wëll de Kleeschen sinn wann een op der Plage keng méi plaakeg Leit gesait.

Déi ganz Saach reegt mech sou op well ech haut rem muss an den Norichten héieren dass am Irak opmanst 85 Leit bei engem Selbstmord-Attentat em d'Liewen koumen. Schlecht Fierbild???? THINK AGAIN!

Wann ech dann dat Sue Smith a sengem bordeau-rouden Auto mat beiger Liederausstattung sëtze gesinn an hat eechthaft behaapt et hätt baal missten uffänken mat kraischen (zitat:"it wasn't a nice scene") wéi sai Jong him bericht huet dass d'E. Chevillar seng Sozialkunde-Prof ass, jo dann kann ech nemmen de Kapp rëselen.

Sonntag, 15. Juli 2007

Samstag, 14. Juli 2007

Neientdeckung

Grad virun e puer Minuten hun ech den George Carlin entdeckt.
En Text vun him leeft an enger Endlos-Schlaif op der ALLWENEED.
Hei enner aanrem en Transskript

Aus allgemengen Interesse: Tickle-me Emo

Summer in the city

The summer is in the city. Back again. Long time, no see.
Ganz neit Gefill wat ech sait laangem vermëssen. An dann d'Sonn. Dat ass jo immens.

Scho gudd Laun ier et ugeet.

Donnerstag, 12. Juli 2007

Folter, Folter, Folter Michi

War et dat wärt mai léiwe Mich?

Gouvernement.lu: Le Conseil est revenu à ses discussions du 27 avril concernant la proposition de loi N°5617 du député Michel Wolter (CSV) portant modification de la loi du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux, telle qu’elle a été modifiée, pour confirmer la décision prise à cette occasion, à savoir qu’il estime que le drapeau tricolore doit garder son statut de drapeau national, mais que sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg l’emblème au Lion Rouge pourra être utilisé au même titre que le drapeau tricolore.

JCJay:
"An alle Fäll bleift de Fändel vun eisem Land no baussen roud-wäiss-blo.""...déi zwee Fändelen hu kee Sträit mateneen. Si gehéieren zesummen."

Michel Wolter (05-10-2006): ""In den letzten Wochen habe ich mich mit rund 300 Personen über diese Frage unterhalten", erklärte Wolter gestern vor der Presse. Weit über 80 Prozent seien der Auffassung gewesen, dass der Roude Léiw besser als Nationalflagge geeignet sei, als die Trikolore. Er sei sich zwar bewußt, dass dies nicht das zentrale Problem der Luxemburger Gesellschaft sei, aber andererseits gebe es nie einen geeigneten Zeitpunkt, um dieses Anliegen auf die Tagesordnung zu setzen."

Wéi ee kann gesinn hun ech eng kleng Recherche iwwert d'Thema gemaach. Eng Débatt déi sech heizuland wahrscheinlech erleedegt huet. Net nemmen den "Folter-Michi" huet sech mat déck ville Leit ennerhaalen mee och ech. An zwar mat exakt 3. Dat ass 1% vun der Quantitéit un Leit géigeniwwer dem Här Wolter. Mee ech sin och kee Politiker. An souvill Kolleegen hunn ech net.

66% vun deenen 3 ass et eegal an eigentlech hun se naischt géint den Roude Léiw. 33% allerdengs sin genau wéi ech der Meenung dass den Débat an déi ganz Polemik en ausseruerdentlech treit Spigelbild vun eis Lëtzebuerger weist. Ech kann heiran nemmen déi fuerchtbar Hysterie, Hypokrisie an HypoVereinsbank...eh pardon dat läscht loosse mer sinn do hunn ech mech geiert. Op alle fall ass et fier mech den Beweis dass ech schleunegst muss heiraus aus deem (globaliséierten) Grossherzogtum. Ausserdeem well ech nach drop hiweisen dass 33% vun dem vu mier befrooten Publikum ugehend Fonktionnären (jo dat bass du Kim!) aus dem kulturellen Beraich sinn.
Zreck zum Thema: dass Staatsbeamten heinsto mol net sou vill ze dinn hun wesse mer als Bierger; dass dat keen Vierurteel ass och.
Meng Froen: War dat wierklech néideg? War et den Drang no Profiléirung? War et den Besoin no enger Plaatz an der Geschicht? An, wéivill kascht de Fësch?

Lo wou d'Saach geklärt ass an mer wessen dass déi zwee Fändelen kee Strait mateneen hun (dat ass just Stoff...bleiwe mer mol sérieux!) kann ee gudde Gewessens op sain Auto kucken an den RockWaissBlo-Sticker betrachten deen wuel dat eenzegt Positivt (ausser dem Ëmsatz an der Auto-collants-industrie) un der ganzer Geschicht ass.

Lo haat en sech an d'Télévisioun gestallt an argumentéiert an diskutéiert an beléiert. Waat déi ganz Saach un Moyen'en verschlongen huet déi hätte kënen fier sennvoll Saachen verbraucht ginn wëll ech net wëssen. Mee dat wollt wuel vun Uffank un keen sou genau wëssen soss hätte mer mat der Geschicht net ugefaangen.
Oder, ass et net sou?

Le Diplômé méritant.

Montag, 9. Juli 2007

Lückenfüller

Bonjour tout le monde, bonjuer alleguerten, guten Abend, buenos tardes.
Ech krut gesoot ech soll mol rem eppes schreiwen amplaatz nemmen Fotoen heiropp ze geheien.
Mee well ech Bloganträg ouni Hannergrond an ouni Recherche oder zumindest ouni Idee net sou cool fannen kent net ganz vill. Am moment kucken ech just dauernd op meng nei kamera déi geschwenn an den operativen Status (heescht ech maachen Fotoen dermat) iwwergeet. 6x7 cm. Wee kann dat schon vun sech behaapten? Se huet den Volume vun geschätzten 15 Canon Ixus Apparaten oder och vun 15 Handien oder vun opmanst 3 Äppel. Wouroper ech raus well ass dass se einfach verdammt grouss ass.

Dëse Weekend (14. Juli) ass anscheinend en Blogger-treffen am Exit07 (benotzten Adjektiv vum Cyril: éphémère). Organiséiert vum Brav deen och mol gären am Mix ass. Ech mengen ech gin dohin, wéisou? Well ech Bock drop hun. Ganz nom Motto, Max Zinkstern goes Exit07.

p.s.:Fransousen kënnen keen Englesch ouni Accent an ech kann mech net fierstellen ouni mech ze blaméiren. Some things never change.

FLYER

p.p.s.: WE ARE YOUR FRIENDS. YOU'LL NEVER BE ALONE AGAIN

Freitag, 6. Juli 2007

Alias

Ech sin sait haut ennert dem Numm Max Zinkstern aktiv. Weisou? Ech hun einfach Bock drop.

An nach eppes, klickt op dee Link vum Rocket Georg. Fier mech ganz grousse Kino.

Mittwoch, 4. Juli 2007

Do hannen, do hannen well ech hin.

Is this it?

Duerch en onglécklechen Zoufall hun ech rausfonnt wéi d'Aarbechtsliewen ass. Ech war sou domm an hu mer de ganzen Summer duerch en liicht besser-bezuelten Vakanzen-job versaut. Obwuel ech haut den Owend réicht soen kann dass ech um drëtten Daag vun der Misère sinn bereien ech et. Soueppes Langweileges.

Dienstag, 3. Juli 2007

Words from Work

bitmap selection, gxt, eutelsat, in operation, validated, satellite encyclopedia, remove link, dextro energen, microsoft, lock desktop, polarization, NoradId, Beams, transponders, frequency, how are you, marketing conference, Ku-band, Satellite alone should cost $100 million, kazakhstan ground station, program:superbird, geostationary orbit, Baikonur Cosmodrome, 2.3m dual gridded deployable transmit antenna

Sonntag, 1. Juli 2007