Montag, 9. Juli 2007

Lückenfüller

Bonjour tout le monde, bonjuer alleguerten, guten Abend, buenos tardes.
Ech krut gesoot ech soll mol rem eppes schreiwen amplaatz nemmen Fotoen heiropp ze geheien.
Mee well ech Bloganträg ouni Hannergrond an ouni Recherche oder zumindest ouni Idee net sou cool fannen kent net ganz vill. Am moment kucken ech just dauernd op meng nei kamera déi geschwenn an den operativen Status (heescht ech maachen Fotoen dermat) iwwergeet. 6x7 cm. Wee kann dat schon vun sech behaapten? Se huet den Volume vun geschätzten 15 Canon Ixus Apparaten oder och vun 15 Handien oder vun opmanst 3 Äppel. Wouroper ech raus well ass dass se einfach verdammt grouss ass.

Dëse Weekend (14. Juli) ass anscheinend en Blogger-treffen am Exit07 (benotzten Adjektiv vum Cyril: éphémère). Organiséiert vum Brav deen och mol gären am Mix ass. Ech mengen ech gin dohin, wéisou? Well ech Bock drop hun. Ganz nom Motto, Max Zinkstern goes Exit07.

p.s.:Fransousen kënnen keen Englesch ouni Accent an ech kann mech net fierstellen ouni mech ze blaméiren. Some things never change.

FLYER

p.p.s.: WE ARE YOUR FRIENDS. YOU'LL NEVER BE ALONE AGAIN

Keine Kommentare: