
Donnerstag, 12. März 2009
Dienstag, 10. März 2009
Sonntag, 8. März 2009
Freitag, 6. März 2009
Donnerstag, 5. März 2009
Dienstag, 3. März 2009
Montag, 2. März 2009
Sonntag, 1. März 2009
Samstag, 28. Februar 2009
Freitag, 27. Februar 2009
Mittwoch, 27. Februar 2008
Sonntag, 24. Februar 2008
Dienstag, 4. September 2007
Vieuphoria pt.3






An weider geet et mat Part3.
Deskéier derbai:
D'ARBED (wou et nach d'ARBED war a keen indeschen Restaurant) mat den Trams-Schinnen (!).
Den American Cemetery zu Hamm, eng Photo vun der Fouer an nach eng vun der Gare.
Ech si frou dass et opmanst een inspiréiert huet, weider sou!
Sonntag, 2. September 2007
Vieuphoria pt.2
Sou: Déi Eischt sin ragescannt.
Ech kämpfen nach mam Profil vu mengem macbook an dowéinst kann et sinn dass Schwaarz net richteg Schwaarz ass. Ech wollt se eigentlech just noschärfen fier d'schlecht Qualitéit vu mengem Scanner ze kompenséieren mee ech hu léiwer nach bessen um Kontrast geschrauwt. D'Oofzich sin menger Meenung no vun exzellenter Qualitéit, dat kënt mat mengem momentane Scanner net sou riwwer.
Ausserdeem sollt een nach erwähnen dass verschidden Oofzich eng texturéiert Uewerfläch hun wat sech duerch waiss Punkten bemierkbar mëcht.
Souvill zum technëschen Deel.
Misst alles Uffank's 50'er gewierch sinn. Dëst ass e klengen Deel vun den S/W-Oofzich déi ech fonnt hun, se sinn am 6x6-Format an gréisstendeels op Agfa-Pabeier.
Vill Spass!





Labels: analog, foto, photo, picture, vieuphoria
Vieuphoria pt.1
Vergangenheitsbewältigung:
Als fanatëschen Photos-Afficionado sin ech sauméisseg frou dass main Grousspapp vill Photoen gemaach huet, deemols an den 50'er. An och an den 40'er an sou weider.
Dat hei ass den Uffank vun enger laanger Serie déi sech duerch aal Photoen définéiert.
Ech hun der vill fonnt an ech wëll der vill weisen.
Wat mech virun allem intresséiert ass d'Vue op d'Liewen deemols. Als normalen Mëttelklasse-Bierger an Fernseh's-Techniker gëtt en op senge Photoen dat normalt Liewen erem. An aanre Wierder, et sin Erënnerungs-Photoen.
Fänke mer un mat engem Buer um Knuedler, ech hat keng Ahnung dass et soueppes do gouf.
Labels: analog, photo, picture, scan, vieuphoria




















