Donnerstag, 28. Juni 2007

Echt alles wat's de brauchs.

Haut war ech dunn och mat menger Frendin "All we need" kucken. Hall des Soufflantes zu Esch-Belval. Ech wosst jo dass déi Haal derb grouss ass mee d'Héicht vun deem Gebai ass impressionant. Als Student ass et mat 3€ op de Kapp net wierklech deier, 1€ kascht et dann nach wann een dono och an d'Ausstellung iwwer d'Kanneraarbecht geet.

Iwwerrascht ware mer och wou mer, nodeems mer vu frëndlechen Leit den Audioguide kruten, duerch en klenge Gang an d'Haal erakomm sinn. Net dass d'Dimensiounen vun der Haal onimpressionant wieren mee doran ze kommen an dann Bierger vu Sand, eng am Krees dréinend Mini-Concorde an en Holzlaaten-Nobau vun enger Ariane5 (wahrscheinlech ass et eng aaner mee dorems geet et lo net) an beinahe-Original-Gréisst (Rechtschreibung huet grad ausgesaat) ze gesinn erfëllt een dach awer mat Staunen. Op 4 (!) Stäck an verschiddenen Beraicher opgedeelt kann een sech d'Installatiounen, d'Video'en, interaktiv Installatiounen an aaner Exponaten zum Thema Globaliséirung, Equité, ekologeschen "Footprint" an sou weider ukucken. Sou dat war en laangen Saatz mat zwou Opzielungen.
Wéi schon ugeschwaat geet et bei der Ausstellung em d'Symptomer vun der Globalisatioun.
Sou zum Beispill gesait een eng Video-Installatioun vun enger schwedescher Konschtprof. déi op multiplen Bildschiermer Opnahmen vun H&M Geschäfter an Interviewen mat den H&M-Konsumenten weisst. Direkt nierwendrun oder dono gesait een dann Opnahmen vum Wierk an engem asiateschen Land. Huet mier gudd gefall well et déi zwou Welten opmanst op den Bildschiermer no beieneen brengt.

Weiderhin ass den Raum mat den Raiskären eng immens Idee. Et kann een sech op eng méi reel Manéier ukucken wéi d'Gréisstenverhältnisser zweschen verschiddenen Gruppen sin. A witzeg ass et nach derbai.

Falls een sech traut déi riiseg Rutschbahn eroofzerutschen dann soll e mer Bescheed soen. Ech hat den Fotoapparat derbai an konnt dofier net.

Mier huet et gudd gefall. Punkt aus.

Keine Kommentare: