Montag, 8. Oktober 2007

Generation Prekariat


polylog generation porno @ www.polylog.tv/videothek

Reaktiounen? Iergendeen?

4 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

Lies d'Autobiografie "100 colpi di spazzola prima di andare a dormire" (op däitsch ass et mengen ech "Mit geschlossenen Augen") vum Melissa Panarello, dat schockt méi...

Zur Reportage selwer dann awer, ech fannen et relativ interessant dass déi enzel Leit zwar d'Probleemer nennen mee se net wierklech realiséiren. Dem Sarah seng Mamm seet zum Beispill si bräicht de Sex fir sech gebraucht ze fillen. Et schéngt mer wéi wann déi Reportage an engem sozial déiwen Emfeld gedréit gi wier, an do iwwerascht dat eigentlech net, dass d'Leit sech un sou eppes festhalen an hiere Kanner dat och mat op de Wee ginn, well si hunn soss näischt.

Wat ech schlemm fannen (mech awer net iwwerascht well ech et eréischt vru kuerzem och am "100 colpi..." gelies hunn) ass, dass d'Meedecher net wessen wat Léiwt ass. Dass et een Ennerscheed tëscht Loscht, Verléiwtheet a Léiwt gett schéngt kengem bewosst ze ginn, wat een nemmen domatter erklären kann, dass se emmer nemmen Loscht emfonnt hunn. De Jong war schéin also hunn ech mech an e verléiwt a mir hate Sex. Dat ass Loscht. Traureg ass firun allem, dass et och nach kengem bewosst gett nodeems en innerhalb vun engem Joër an 10 Typen "verléiwt" war.

Allerdengs... Brauch et eng Reaktioun zu desem Video? Ech fannen et ass alles zimlech evident. Ech kann elo behapten et schockt mech (wat et net mécht well ech dee Schock schon hannert mer hunn), ech kann behapten et dégoutéiert mech (deelweis effektiv), ech kann soen et mécht mer Angscht (definitiv).
Wéi eng Reaktioun wier ubruecht? Den däitsche Staat (a net nemmen deen) muss agesinn, dass en mat Hartz 4, Arbeitslosengeld 2 etc. net einfach nemmen Geld aspuert mee gläichzäiteg fir den sozialen / kulturellen Ennergang vum eegenen Land suergt. Amplaz dass déi Pädagogin aus der Arche do nemmen nokuckt kéinnt si jo de Kanner weisen wat et heescht wann een sech em se kemmert. E bessen d'Roll vun den Elteren iwwerhuelen, d'Kanner opfänken ier se an déi Spiral geroden. Domatter dass si op de Fernseh geet an ganz geschockt seet déi 14 jähreg hate méi Typen wéi ech ass kengem gehollef, ausser vläit hiere 15 minutes of fame. Mee do sinn ech elo och e bessen ze krass. Et ass net sou einfach Kanner opzefänken an et ginn bei wäitem net genuch Infrastrukturen.

Vun deene Muséker am Clip hunn ech nach ni eppes héiren. Mee wat ech an der Reportage vun den texter matkrut gehéiren déi op den Index. Den däitschen Staat huet keng Probleemer perséinlech Fräiheeten anzegrenzen, firwat mécht en et zur Ofwiesslung dann net emol do, wou et tatsächlech néideg an richteg wier?

citizen hat gesagt…

Ech muss soen, mech schockt de Video och net. Sou wéi bei dir ass dee Schock scho passé, och wann et kee Schock war mee eng graduell Impressioun. Dat huet sech sou entwéckelt wëll ech soen. An et huet eppes mat den Elteren ze dinn denken ech. Wat ech gesin ass dass deenen hir Virstellung vun Moral, sozialem Denken an Wärter verzerrt ass. Et ass net vill erzéierech Fähegkeet do (aus menger Siicht).

Wéi gesot, ech hat zwar a leschter Zait keen souen direkten Video gesinn mee konnt mer denken dass d'Situatioun sou ass. Du lais richteg wanns de vun engem sozial-défavoriséiertem Milieu (sou seet een dach haut oder?) ausgees. Wahrscheinlech Neukölln oder ähnlech. D'Proletariat war nach ni sou kultivéiert, wat och seng Grënn huet, schliesslech ass Brout méi wichteg wéi e Buch wann et haart op haart kënnt mee hei schengt et sech jo em d'Prekariat ze handelen.

Wat déi Leit déi se am Clip "Muséker" nennen ugeet: wann een d'grausam Hannergrond-musek mol ausblennt an op d'Texter oppasst, sou ass et traureg wat een do ze héiren kritt. Zum Beispill séngt de Sido an "Mein Block" "...meine Welt geht vum 1. bis zum 16. Stock...". An dat beschreiwt d'Situatioun dach ganz gutt. D'Plattebauten gin zu enger Art "Ghetto" (net rechtlech gesin mee op der sozialer Ebene).

An deem Sënn gesinn ech déi Texter méi wéi eng Art Polaroid Foto vun der sozialer Situatioun an Daitschland, dat selwecht trëfft vlait och op Frankraich zou, nämlech schlecht Qualitéit an gehiirlos direkt. Deelweis sinn d'Auteuren vun deenen Texter d'Produkt vun enger verwahrloster Gesellschaft(-sschicht) mee virun allem ass d'Demande an och d'Akzeptanz (souguer bei der viregter Generatioun) vun derartegen Lidder rop gaangen.

Weiderhin denken ech dass dee Genre vu Musék an eng aner Spart wéi traditionellen Rap gehéiert an op kee Fall d'Bezeechnung vun Rap oder Hip-Hop verdingt.

Deelweis schéngen duerch d'Texter gewëss Phenomener(fällt mer lo kee bessert Wuert dovir an) duerch. E generellt mannerwärtegt Fraëbild, gehiirlos brutal Gewalt an natierlech d'Homophobie déi omnipresent ass. Wéi déi Geschicht mam G-Hot virun e puer Méint. Wéi een am Film héiert lauschtert jo souguer d'Mamm vum Meedchen déi Musek wat mech wierklech erstaunt.

Anonym hat gesagt…

net scho rem rapper.

mech schockt et net. mee et beschäftegt awer.
an e problem, dien momentan iergendwou tescht enner a mettelschicht am greissten schengt.
böerk.

Anonym hat gesagt…

Ech hu mer de Video lo bis zur Halschent ugekuckt, dunn ass en hänke bliwwen. Ech hunn awer genuch gesinn fir ze kommentéieren, dass ech vun deem 'Phänomen' do scho virun e puer Méint op Spiegel online gelies hat. Dat hat mech deemools schonn e bësse schockéiert (notamment well ech vun deene 'Muséker' hiren Texter bis dohin nach näischt héieren hat), dofir ass meng Impressioun vum Video éischter den Déjà vu vun eppes wat ech traureg fannen a wat mer och Angscht mécht. Ech fannen, dass den Thierry d'Problematik gutt beschriwwen huet. Et ass eng Problematik déi eng bestëmmte Gesellschaftsschicht a bestëmmte Regiounen betrëfft, mä wéi laang dauert et, bis een net méi vun eenzelne Regiounen schwätze kann, an sech de 'Phänomen' och punkto Gesellschaftsschicht ausdehne wäert?