Samstag, 13. Oktober 2007

Tischgebet

Gott am Himmel,
mir soen merci fir dëst wonnerbart Mikrowellen-iessen,
mir soen merci fir de Fridden am Nohen Osten,
mir soen merci fir deen neien alen Fotoapparat deens de ganz gënschteg am Fototrade fir mech hannerluecht hues,
mir soen merci fir deng schützend Hand déi's de all Dag iwwert eis hälls an mir verstin och dass deng Hand nëmmen fir d'USA an Europa duergeet,
mir bedanken eis och fir dat gudd Wieder wats de eis, güteg wéis de bass all Dag schenks
mee am allermeeschten soen mer merci fir déi wonnerbar Nuits des musées.
Amen

Keine Kommentare: