Freitag, 5. Oktober 2007

Ech sin, ech hei, ech do, ech hun, ech hat...

De Blog als qualitativ mannerwärtegt Medium vum eegenen Egozentrismus?
De Blog als Perpetuum Mobile enclenchéiert vum Drang no Popularitéit?
De Blog als sënnlost Konstrukt, entweckelt fir liddereg Möchtegern-Künstler?

De Libre-examen geet ëm, Kritik muss sinn.

Ugefeiert durch scharfsënneg Kommentairen vun engem Kolleeg stellt een sech alt déi eng oder aaner Fro.


Aanrersaits, de Blog als Kommunikatiouns-Medium?
De Blog als Diskussiounsbasis?

Je n'en sais point, un peu plus que rien (peut-être).

Alles nëmmen Pseudo?

2 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

Ass et wierklech esou egozentresch wann een sech oppen der Meenung vun anere Leit aussetzt? Et gett kaum een anert Medium wou ee sou direkt de Reaktiounen vu Kritiker ausgesat ass.

Popularitéit muss ee firdéischt emol définéiren. Mat engem Blog gett een am RL bestemmt net méi populär, well den Otto-Normal-Bierger nach emmer net versteet wat dat iwwerhaapt ass. Fir an der Blogerszen selwer populär ze ginn muss ee scho verdammt gudd sinn, an selwer emol firdéischt richteg verstoen wéi dat alles funktionéiert. Ob een sech där Erausfuerderung einfach sou unhellt bezweiflen ech.

Et ginn och genuch richteg Künstler déi bloggen. Moby, Cali Rezo, Duane Keiser. Leit déi allesamt Talent hunn an de Blog benotzen fir de Leit hier Weltsiicht méi no ze bréngen (am Fall vum Moby) oder einfach nemmen well hierte neiste Wierk op déi einfachst Art a Weis presentéiren. Sennlos ass et sou oder sou net.

Déi permanent Selbstkritik ass dat wat d'Bloggen um Liewen erhällt. Sech emmer erem mam eegene Medium auserneensetzen an sech net wéi déi aal Medien selbstzefridden zeréckleen.

Kommunikatiounsmedium, vläit. En Denkustouss liwweren. Noochriichten liwweren déi fir d'Leit wichteg sinn awer déi e Fernseh oder Radio ni géing bréngen oder einfach net d'Moyenen dofir huet. Zweeteres gesäit ee jo an de leschte Méint emmer méi.

Nemmen Pseudo? Well een an éischter Hinsicht dach awer emmer iergendwéi emol fir sech selwer bloggt an et engem net drem geet ee bestemmte Medium ze benotzen? Vläit. Mee héchstwahrscheinlech net.

Anonym hat gesagt…

Ech stemmen den Thierry zou... an zu dem, waat mech soss nach undreiwt, hun ech jo eng eegen Kategorie:
http://www.joeladami.net/?cat=18