polylog generation porno @ www.polylog.tv/videothek
Reaktiounen? Iergendeen?
Montag, 8. Oktober 2007
Samstag, 29. September 2007
Myspace, Friendster, Facebook
Déi heiten Sait sollt ee kennen.
Opmanst Leit déi sech dofir intresséiren. A wat huet dat ganzt lo mat dem Titel ze din?
Ma d'Mme. Boyd ass Forscherin an huet schon eng etlech Research Paper's iwwert déi Sozial-Netzwierker eraus ginn. Et ass op engem akademeschen Niveau an dofir éischter fir den "Public averti".
Hasta la proxima.
Labels: empfehlung, link, sozial
Samstag, 22. September 2007
Entrevue:Prelude
Wann een e Blog bedreiwt ass een un den ständegen Kampf mat der Belanglosegkeet gewinnt. Et well een natierlech mat de groussen Medien pisse goen mee dauernd gett een vum miserablen Impakt an der Belanglosegkeet vun der ganzer Affaire démotivéiert. De Bekanntekrees freet sech schon wat dat bloggen dann iwwerhat soll an wëll engem iwwert d'Strôss hëllefen.
Fir dat Ganzt e bëssen opzewärten an deelweis och fir d'Zait eremzekréien hun ech geduecht ech kéint jo mol en Interview maan. En Interview zur Sach, net zur Persoun. Dat heescht gréisstendeels geet et ëm en Thema, d'Persoun steet éischter am Hannergrond an d'Thema gëtt erfiergehuewen.
Uffänken wëll ech mat Iessgewunnechten, mat Veganismus fir konkret ze gin. Dat heescht et ësst een keen Déierefleesch an keng Produit'en vun Déieren mee dat wësst der wahrscheinlech all.
Stay tuned!

