Montag, 3. November 2008

Jetzt Neu!

D'Zäit vergeet an heinsto muss een en neie Film dramaachen. Et war Zäit ginn. Net ganz ouni Stolz bidden ech Iech den neien Design un. E kënt fräihaus mat neiem Header, neiem Numm, engem Editorial an enger winzeger News-Box. Wat een lo neméi hei gesäit, dat si Bord'en; déi brauche mer net. De Blog ass quasi borderless ginn. Ausserdeem vill méi breed, ganzer 200px. Wat bleiwt ass d'lëtzebuergësch Sprooch (iergendwéi ironësch). Och wann se net oft eng Roll spillt hei um Blog, sou wëll ech awer méng Plaz als éischte lëtzebuerger Photoblog net opginn, d'Photoe si jo emsou méi international.

Ech wëll och nach bei där Geleenheet Merci soen dass der kucke kommt. Ech si, ganz éierlech, frou doriwwer an drécken dat einfach mat engem kuerze Merci aus, wat soll ech och soss nach soen?

Wéi et den Zoufall wëll ass haut och den zweete Gebuertsdag vu Pianocktail, méng Gléckwënsch op dëser Plaz, ëmmer weider sou! A wa mer schon derbäi sinn, fir déi ganz wéineg déi se nach net kennen, gidd dach mol bei de Räissverschloss kucken, oder bei de Betz, déi wessen och wat se maachen.

Sou, den neie Film ass dran an ech hunn alles gesot, ech hoffen d'Photoe gefalen an ech hoffen dir hudd an de läschten 17 Méint eng Evolutioun gesinn, mir ass se net entgaang an ophale wärt se sëcher net. Et gëtt nach vill besser ier et méi schlecht gëtt.

Vive di aal Schoul!
Vive den Zelluloid!
Vive d'lëtzebuerger Weblogs!

13 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

A Lass!

Anonym hat gesagt…

Keep it simple and clean... fannen ech gudd! Keep up the good work...

Anonym hat gesagt…

genialen blog! Kommen all darg lanscht luusen op rem een net wierk den darg erbleckt huet.

http://wastedyeah.blogspot.com/

citizen hat gesagt…

Merci alleguerten a Pardon fir de Pathos um Schluss ;)

Anonym hat gesagt…

Cool. Gleckwonsch fir den Néistart. Schick gesait daat aus!

Anonym hat gesagt…

Be cool, stay in school.

citizen hat gesagt…

Mir ass wéi wann ech dee läschte Kommentar net verstinn.

Anonym hat gesagt…

Ech hat geduet hei géif jidfereen iergendeng Floskel bréngen, du wollt ech dat net verpassen.

A lass, keep it simple and clean a sou.

Bon, dat war wuel näicht.

Mee, natierlech sinn ech nach ëmmer absolute Fan. Du bass mäin Obama.

citizen hat gesagt…

Alles verstaan. Wann d'O-Wuert fällt ass Change nie wäit, dowéinst: Change we needed.

Anonym hat gesagt…

...please where can I buy a unicorn?

Anonym hat gesagt…

Se junto. Esto era y conmigo. Podemos comunicarse a este tema. http://nuevascarreras.com/cialis/ cialis o viagra cual es mejor Talvolta stesso ... tale coincidenza accidentale cialis 5 mg posologia vpaithjhgp [url=http://www.mister-wong.es/user/COMPRARCIALIS/comprar-viagra/]comprar viagra[/url]

Anonym hat gesagt…

Celebrity nudes [url=http://www.swishmax.es/foros/index.php?showuser=118662] naked pics[/url] Nude celebrity

Anonym hat gesagt…

european adult film industry adult singles dating hardin illinois free teen xxx full length videos porn interactive stories gay chat rooms free free nude chatrooms free dorm shower cams thomas bond gay free asian big boobs