Mittwoch, 2. Juli 2008

Keng Macht dem Summerlach


Haut de metten wärten weider 6 Filmer viru mer leien. Ech hu vill Fotoe gemaach, ech hat vill Zäit. Dobäi hunn ech gemierkt wéi ongären d'Leit et hunn éierlech fotograféiert ze ginn an ech soen net dass dat onverständlech ass. Jiddferfalls gëtt et op dëser Platz vill Neies ze gesinn an den nächsten Deeg, hoffentlech och soueppes wéi Progressioun. De groussen Deel vun den Filmer war schon ofgelaf, souvill zum Grain.

Desweideren sinn ech rem e puer Deeg zu Bréissel an beschäftege mech haaptsächlech mat dem Kingdom of Fear, dem Rum Diary an natirlech Fear and Loathing in (ween hätt et geduecht?) Las Vegas, parallel dozou liewen ech e fuerchtbar langweilegt Liewen mee t'hängt emmer dovun of mat weem een sech vergläicht, ass 't net sou?

1 Kommentar:

Anonym hat gesagt…

Ass dat net normal, dass d'Leit net gären sou dobaussen geknipst ginn? Et ass jo och net emsoss verbueden, Leit ouni Accord ze knipsen. :)

Freen mech op déi Biller!