Samstag, 29. September 2007

Unforgettable moments III

SONJA:
Natasha, to love is to suffer. To avoid suffering, one must not love. But, then one suffers from not loving. Therefore, to love is to suffer, not to love is to suffer, to suffer is to suffer. To be happy is to love, to be happy, then, is to suffer, but suffering makes one unhappy, therefore, to be unhappy one must love, or love to suffer, or suffer from too much happiness, I hope you're getting this down.
(from Love and Death)

Woody Allen

Myspace, Friendster, Facebook

Déi heiten Sait sollt ee kennen.
Opmanst Leit déi sech dofir intresséiren. A wat huet dat ganzt lo mat dem Titel ze din?
Ma d'Mme. Boyd ass Forscherin an huet schon eng etlech Research Paper's iwwert déi Sozial-Netzwierker eraus ginn. Et ass op engem akademeschen Niveau an dofir éischter fir den "Public averti".

Hasta la proxima.

Samstag, 22. September 2007

Entrevue:Prelude

Wann een e Blog bedreiwt ass een un den ständegen Kampf mat der Belanglosegkeet gewinnt. Et well een natierlech mat de groussen Medien pisse goen mee dauernd gett een vum miserablen Impakt an der Belanglosegkeet vun der ganzer Affaire démotivéiert. De Bekanntekrees freet sech schon wat dat bloggen dann iwwerhat soll an wëll engem iwwert d'Strôss hëllefen.

Fir dat Ganzt e bëssen opzewärten an deelweis och fir d'Zait eremzekréien hun ech geduecht ech kéint jo mol en Interview maan. En Interview zur Sach, net zur Persoun. Dat heescht gréisstendeels geet et ëm en Thema, d'Persoun steet éischter am Hannergrond an d'Thema gëtt erfiergehuewen.

Uffänken wëll ech mat Iessgewunnechten, mat Veganismus fir konkret ze gin. Dat heescht et ësst een keen Déierefleesch an keng Produit'en vun Déieren mee dat wësst der wahrscheinlech all.

Stay tuned!

Mittwoch, 19. September 2007

Rue des Liégois

E puer Ausbléck...

Ech konnt soss nach net vill fotophéieren. Ech hat nach keng Zait an Aaner Saachen ware méi wichteg, wéi zum Beispill an e puer Cours'en goen. Schnell huet sech rausgestallt dass Uni en Hobby mat vill Zait fir aaner Hobby'en ass.

A tantôt.

Mittwoch, 12. September 2007

Terrorismusbekämpfung

Artikel (lemonde)

Den läschten Abschnitt fannen ech besonneg intressant. Sie wärten sech geduecht hun: Komm mer soe mol et wier net sou fir dass och keen drop kënt dass et sou wier!

Besonneg angesichts klenger Terror-Zellen vun e puer Leit mëcht sech d'Entwecklung vun souenger Waff bezuelt. Sou kann ee bequem de ganzen Quartier, jo firwat net d'ganz Uertschaft wegbloosen.

Ech denken mir kënen all frou sin dass den technëschen Fortschrëtt duerch naischt (ausser duerch sech selwer) opzehalen ass.

Vive d'Terrorismusbekämpfung!

Eyewitness
(via Grommel)

Well et geschitt ass.

Montag, 10. September 2007

Ethik, haut.

En liesenswärten Text deen een als Journalist engker gelies sollt hun. Ech hun en leider net fonnt well ech sou déif an extensiv Recherchen am WWW machen mee via Wikipedia.

Och egal, et geet hei net em mech.

Ethik der journalistischen Berichterstattung

Sonntag, 9. September 2007

For relaxing times, make it...

Inter times.

It's been a while since my last textual contribution. Most of the time I tried to find an interesting "sujet" which is not completely belanglos, like some Germans would say.

Some time ago I was asked: Why the Inter(view) ? What is it that makes this place so "darn intresting" ?
I think there are a few reasons.

First of all it's situated in a crowded environment. The "Aldringer" is one of the few places in town that is, quite possibly, crowded at almost any time of the day. There's always movement and action going on, and alot of traffic. The "Aldringer" ain't exactly an international junction but it always has in and outgoing traffic. This partially explains the huge amount of people going to that place everyday. A huge amount of people usually means diversity which means a lot of different cultures, views and opinions. And that, in my opinion, is a great reason to be there.

On friday and saturday evening's for example, you can see a huge crowd standing outside the inter and occupying almost the whole street. This crowd is mostly composed of internationalschool-students.
On weekdays however, the inter is mainly populated by businessmen, by journalists and by artists. The latter staying considerably longer than businessmen.

It's clearly the people but it's also the place.

I dig that café américain style, the dusty and old athmosphere, the wooden furniture and the huge windows which are open during the summer. Besides, the music ain't so bad either which, clearly, is an argument in this town. Most of the time it's something like a Sinatra Best-Of played in loops all-day long which fits with the place. Not to forget that you've got wireless-access.

So much for my favourite bar.

Zréck op de Kirchbierg...
An corrigéiert mech wann ech Fehler maan.


Samstag, 8. September 2007

B&B


Voila, meng Perspektiv quasi an Real-time. Soll nach ee soen dat wier belanglos...tzzz.

Freitag, 7. September 2007

Donnerstag, 6. September 2007

Unforgettable Moments II

K-Billy's Super Sound's of the Seventies...just keep on truckin...

Gedanken II

Obwuel ech en EOS-System hun an iwwerhaapt digital komplett ausgerüst sinn, sinn ech trotzdeem ständeg op der Sich no deenen Argumenter déi d'analog Photographie rechtfertegen an se iwwert de ganzen digitalen Sumpf erhiewen.
Wann ech mer d'Mëttelformat-Sektioun vun FC ukucken sinn ech der Meenung dass quasi all Bild vill méi Kraaft, Charme an Intelligenz huet wéi ech et jeemols an enger aanrer Sektioun vun der Community géif gesinn. Déi Biller sin, fir mech, vill méi deif, sief et visuell wéi inhaltlech.

Natierlech ass MF och nemmen en Deel vum Analogen an et ass och kloer firwat meechtens analog Photoen besser sin wéi Digitaler.

Mittwoch, 5. September 2007

Gedanken

Stëchwuert Consumer-Kamera

E Kënschtler krééiert.
En Konsument konsuméiert.

Dienstag, 4. September 2007

Vieuphoria pt.3







An weider geet et mat Part3.
Deskéier derbai:

D'ARBED (wou et nach d'ARBED war a keen indeschen Restaurant) mat den Trams-Schinnen (!).
Den American Cemetery zu Hamm, eng Photo vun der Fouer an nach eng vun der Gare.

Ech si frou dass et opmanst een inspiréiert huet, weider sou!

Sonntag, 2. September 2007

Vieuphoria pt.2

Sou: Déi Eischt sin ragescannt.
Ech kämpfen nach mam Profil vu mengem macbook an dowéinst kann et sinn dass Schwaarz net richteg Schwaarz ass. Ech wollt se eigentlech just noschärfen fier d'schlecht Qualitéit vu mengem Scanner ze kompenséieren mee ech hu léiwer nach bessen um Kontrast geschrauwt. D'Oofzich sin menger Meenung no vun exzellenter Qualitéit, dat kënt mat mengem momentane Scanner net sou riwwer.
Ausserdeem sollt een nach erwähnen dass verschidden Oofzich eng texturéiert Uewerfläch hun wat sech duerch waiss Punkten bemierkbar mëcht.
Souvill zum technëschen Deel.
Misst alles Uffank's 50'er gewierch sinn. Dëst ass e klengen Deel vun den S/W-Oofzich déi ech fonnt hun, se sinn am 6x6-Format an gréisstendeels op Agfa-Pabeier.
Vill Spass!

Vieuphoria pt.1

Vergangenheitsbewältigung:

Als fanatëschen Photos-Afficionado sin ech sauméisseg frou dass main Grousspapp vill Photoen gemaach huet, deemols an den 50'er. An och an den 40'er an sou weider.
Dat hei ass den Uffank vun enger laanger Serie déi sech duerch aal Photoen définéiert.
Ech hun der vill fonnt an ech wëll der vill weisen.

Wat mech virun allem intresséiert ass d'Vue op d'Liewen deemols. Als normalen Mëttelklasse-Bierger an Fernseh's-Techniker gëtt en op senge Photoen dat normalt Liewen erem. An aanre Wierder, et sin Erënnerungs-Photoen.


Fänke mer un mat engem Buer um Knuedler, ech hat keng Ahnung dass et soueppes do gouf.

Samstag, 1. September 2007

Froen déi ech mer stellen:

1. Därf een Pop-lidder mat lëtzebuergeschem Text veröffentlechen?
2. Nervt dat d'Ëmfeld net wann een dauernd Saachen (virun allem Sätz) op Englesch seet?
3.Wéi déif kann ee senken?
4.Kann een nach méi déif senken?
5. Ass et nach Deep Purple wann een et mat iTunes lauschtert?
6. Ka Musék stierwen?
7. Gëtt Musék besser wann een se op Vinyl lauschtert?
8. Gëtt et wierklech en méi héichen Kriminalitéitstaux an Cité'en?
9. Huet Sodom a Gomo(e)ra international Dépendancen?
10. An schlussendlech: Ween huet d'Laura Palmer ëmbruecht?