Sonntag, 2. September 2007

Vieuphoria pt.1

Vergangenheitsbewältigung:

Als fanatëschen Photos-Afficionado sin ech sauméisseg frou dass main Grousspapp vill Photoen gemaach huet, deemols an den 50'er. An och an den 40'er an sou weider.
Dat hei ass den Uffank vun enger laanger Serie déi sech duerch aal Photoen définéiert.
Ech hun der vill fonnt an ech wëll der vill weisen.

Wat mech virun allem intresséiert ass d'Vue op d'Liewen deemols. Als normalen Mëttelklasse-Bierger an Fernseh's-Techniker gëtt en op senge Photoen dat normalt Liewen erem. An aanre Wierder, et sin Erënnerungs-Photoen.


Fänke mer un mat engem Buer um Knuedler, ech hat keng Ahnung dass et soueppes do gouf.

4 Kommentare:

Thierry hat gesagt…

Ech hu mer soen gelooss dee wier deemols just ewech geholl gin, well d'Kanner do emmer hier Waasserpistoulen opgefellt hun déi se um Märtchen kaaft hun, an dann op d'Leit gesprutzt hun.

Iergendwéi traureg. Ech grennen direkt eng Biergerintiativ fir ee neien Sprangbuer. :D

Ech freen mech op déi Fotoen!

citizen hat gesagt…

Voila, et ass dach sou eidel do, do musse mer eppes maan :)
Oh et wärten vill Photoen ginn...ganz vill.

Fireball hat gesagt…

Cool Idee an genialen Titel fir déi Serie :-)
Jo, den Sprangbuer muss definitiv erem dohinner! Ech sin och gespaant op déi Fotoen!

Anonym hat gesagt…

Wow, e Sprangbuer um Knuedler. Dat ass mir och ganz nei.