Donnerstag, 6. September 2007

Gedanken II

Obwuel ech en EOS-System hun an iwwerhaapt digital komplett ausgerüst sinn, sinn ech trotzdeem ständeg op der Sich no deenen Argumenter déi d'analog Photographie rechtfertegen an se iwwert de ganzen digitalen Sumpf erhiewen.
Wann ech mer d'Mëttelformat-Sektioun vun FC ukucken sinn ech der Meenung dass quasi all Bild vill méi Kraaft, Charme an Intelligenz huet wéi ech et jeemols an enger aanrer Sektioun vun der Community géif gesinn. Déi Biller sin, fir mech, vill méi deif, sief et visuell wéi inhaltlech.

Natierlech ass MF och nemmen en Deel vum Analogen an et ass och kloer firwat meechtens analog Photoen besser sin wéi Digitaler.

2 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

Nujee, ech wees net ob digital MF dem analogen an iergenteppes nosteet? Ech denken fir MF ze benotzen muss ee wierklech en determinéierten a passionéierte Fotograph sin, dat feelt villen "Amateur Fotographen" déi alles wat se knipsen als Konscht bezeechnen. Vleicht wierkt déi Kommunotéit doweinst sou iwerzeegend?
Wei och emmer, ech spueren nach puer Joer an warden bis Canon an d'Mëttelfeld asteigt hehe...

citizen hat gesagt…

Ech wollt lo hei guer net iwwer Technik schwetzen (eigentlech) mee éischter op déi verschidden Viraussetzungen hiweisen a punkto MF.