Sonntag, 27. Mai 2007

5 Jahre-plan

Wann ech de Kapp vun der KP wier an ech misst en 5JoresPlang maachen dann wier wuel een vun den Zieler meng Fotoen op dem Site vun Photon ze gesinn. Geschter (réicht!!) hun ech déi Sait fonnt déi, souwait ech dat bis lo gelies hun, gréisstendeels vun Lëtzebuerger Fotografie-Studenten a Studentinnen zesummegesaat ass. Et sin der am Moment 12 an hier Fotoen (glécklecherweis sin et der e Koup) gi vum Konzeptuellen bis an de Journalismus ouni dat derzwëcht ze vergiessen. Ok, dee läschten Saatz ass eng Floskel an seet net vill aus mee et sin wierklech e puer interessant Konzeptfotoen derbai. Ganz vill Respekt fier déi Trupp!

Photon.lu

Keine Kommentare: