Et gëtt net vill ze gesinn hei (a läschter Zäit). En aanere grousse Projet huet am Moment Prioritéit. An amfong gesäit een do genau sou méng Photoe wéi hei. Just op Pabeier. E411magazine.
Sonntag, 12. April 2009
Samstag, 7. März 2009
Pianocktail Mixtape Bengel Pt. 10
Fir d'éischt emol, pardon fir d'Waarden. Ech hat vill ze dinn. Blabla. Mee hei ass en dann, mäi Bäitraag. Eng gudd Initiativ. Mir halen zesummen an dat ass och gudd esou. Ech géif mer wënschen an den nächste Méint e puer nei Leit kënen ze begréissen. Vläit kréie mer der iwwer Twitter iwwerried. Ech gleewen drun. An elo, de Bengel.
Lidd Nummer 1
kennt vum Thorben
heescht Je t’emmène au vent vu Louise Attaque
bedeit him laang Owenter bis moies em véier am Flying mat sou villen Leit an esou villen gudden Momenter
an passt heibai
Lidd Nummer 2
kennt vum Chris
heescht Skinny Love vum Bon Iver
bedeit him e wonnerbaren Album, deen en am Dezember 2008 entdeckt huet a bis well rop a rof lauschtert
an passt heibai
Lidd Nummer 3
kennt vum Joël
heescht There Are Some Remedies Worse Than The Disease vun This Will Destroy You
bedeit him een Lidd, waat wéi gemaach ass fir dobai ze schreiwen, am Reen mam Auto ze fueren an dobai ze fëmmen, fir d’Gedanken op d’Rees iwert groniweleg Länner ze maachen, iwert denen en Zeppelin schwiewt
an passt heibai
Lidd Nummer 4
kennt vum Charel
heescht Bumbo vum Moondog
bedeit him een Lidd, waat ee fesselt an dobäi an eng parallel Welt eranzit, déi wäit eweg an dach nobäi ass. Eppes lieweges fléisst duerch seng musikalesch Oderen, de systolesche Rythmus erënnert de Charel un draamähnlech Sequenzen, déi e nëmmen aus Lynch Filmer an Luciden Dreem hier kennt.
an passt heibäi
Lidd Nummer 5
kënnt vum Georges
heescht The Ice Is Getting Thinner vun Death Cab for Cutie
bedeit him ee Lidd, dat souwuel de gelongenen Ausklang vun engem exzellenten Album duerstellt, wéi och eenzel gelauschtert zum Nodenken ureege kann, besonnesch wann et grad Vältesdag ass.
a passt heibäi.
Lidd Nummer 6
kënnt vum Thierry
heescht War on Sound vu The Moonbabies
bedeit him Zuchfueren duerch England mam Sara an erënnert hien emmer erem drun wéi glécklech en sech dierf schätzen esouvill wonnerbar Leit an sengem Liewen ze hunn
a passt bei all d’Fotoen un senger Mauer.
Lidd Nummer 7
kënnt vum Joël
heescht Parallel Lives vum Róisín Murphy
bedeit him vun der Musek hier huet daat Lidd eppes Hypnotesches, an den Text beschreiwt daat waat ech och denken. Dass mer all verschidde Liewen parallel hun, déi sech nie mateneen vermëschen.
a passt heibäi
Lidd Nummer 8
kënnt vum Claude
Heescht “Midnight in a perfect world” vum DJ Shadow
bedeit him einfach Fernsucht, Kreativitéitsquell, Entspaanung.
passt heibäi
Lidd Nummer 9
kënnt vum Laetitia
heescht Sunshine vum Patrice
bedeit him laang Summerdeeg déi dann nach ze kuerz an ze selten kommen an wéi schéin ët trotz allem as dëst Liewen (a keen aanert) ze hun.
passt heibäi
Lidd Nummer 10
kënnt vum Max
heescht Crosses vu Zero 7
bedeit him Frühstück, Sonn a fréi Moies.
passt heibäi (kënt geschwenn)
Montag, 15. Dezember 2008
Elo am Fëschrayon!
Wéinst verschiddenste Grënn kann een dés maintenant - ab sofort Fotoe vu mer op fotologue.jp kucken. Ech wärt Fotoe vum Blog mee och Exklusiv-Uploads maachen, dat heescht Fotoen déi hei net ze gesi si wëll se net heihipassen. Fir de fervente [09: 08]-Fan lount et sëch heinsto do ranzekucken; perséinlech gefällt de visuelle Kontext mer gudd a wann ee schon do ass kann een Onmasse gudd Fotoen bestaunen. Et ass baal onnéideg ze betounen dass ech mer duerch déi Aktioun d'Qualitéit vun den établéierte User quasi zu eege maache wëll, et kann een et also als eng promotionell Mesure gesinn.
Ahjo, Piano, wéi ass et mat den Awards?
Labels: text
Montag, 3. November 2008
Jetzt Neu!
Ech wëll och nach bei där Geleenheet Merci soen dass der kucke kommt. Ech si, ganz éierlech, frou doriwwer an drécken dat einfach mat engem kuerze Merci aus, wat soll ech och soss nach soen?
Wéi et den Zoufall wëll ass haut och den zweete Gebuertsdag vu Pianocktail, méng Gléckwënsch op dëser Plaz, ëmmer weider sou! A wa mer schon derbäi sinn, fir déi ganz wéineg déi se nach net kennen, gidd dach mol bei de Räissverschloss kucken, oder bei de Betz, déi wessen och wat se maachen.
Sou, den neie Film ass dran an ech hunn alles gesot, ech hoffen d'Photoe gefalen an ech hoffen dir hudd an de läschten 17 Méint eng Evolutioun gesinn, mir ass se net entgaang an ophale wärt se sëcher net. Et gëtt nach vill besser ier et méi schlecht gëtt.
Vive di aal Schoul!
Vive den Zelluloid!
Vive d'lëtzebuerger Weblogs!
Labels: text
Sonntag, 2. November 2008
Bald Neu!
Jo. Geschwenn gëtt et hei e klengen Neistart, e méi soberen Design an en aaneren Header. D'Zäit vergeet a grad a méngem Alter entwéckelt een sech vu Mount zu Mount.
A wann ech schon hei amgaang sinn, loosst mech nach soen dass ech mech iwwert all Kommentar an all Klick free'en.
Op nei Photoen, en neie Kontext an soueppes wéi Spaas bei der Kontemplatioun!
Labels: text
Samstag, 20. September 2008
Input

Vläit wëll jo och ee vun Ierch weise wat en an der Librairie kaaft huet. Dat hei soll den Uffank sinn, traut Ierch!
Freitag, 7. März 2008
Sheepthoughts, the blog
Fir all déi, déi nach näischt vu mengem zweeten Blog wëssen, Sheepthougths. Lo wou genuch Content drop ass, wollt ech d'Geleeënheet ergräifen fir dorop opmierksam ze maachen. Vill Spaass!
Labels: empfehlung, sheepthoughts, text
Freitag, 22. Februar 2008
Into the night - Kommentar
Déi läscht 7 Fotoen gehéieren chronologesch an thematesch zesummen. Eemol an d'Ënnerwelt an zréck. Dat ass alles wat ech doriwwer ze soen hunn.
Labels: text
Samstag, 19. Januar 2008
An dieser Stelle
Oder ich könnte einfach gehen wenn offen ist.
Desweiteren kriegt mein Header ein Foto mehr. Da ich, wie schon berichtet, in diesem staubigen System noch ein verstecktes Türchen fand wird das alles hier jetzt breiter. Es gibt demenstprechend mehr Foto und weniger Hintergrund.
P.S.: Dreamcatcher ist ein sehr lahmer Streifen und ich mag ihn am liebsten wenn er nicht im DVD-Player drin ist.
Labels: text
Freitag, 18. Januar 2008
Endlich...
...hab ichs herausgefunden. Endlich weiss ich wie man die Darstellungsgrösse der Fotos in den Griff kriegt. Nie mehr zu kleine Previews. Falls einer wissen will wie's geht kann er gerne fragen. Ein Grund mehr bei Blogger zu verweilen obwohl das Angebot bei Wordpress viel fortschrittlicher ist. Wenigstens stehen einem hier nahezu alle Möglichkeiten offen was CSS angeht. Bei Wordpress kostet diese Freiheit dann 15 Dollari, komischerweise wollte die Visa von C. (ja auch ich benutze Abkürzungen) nicht mit Wordpress kooperieren, hatte wohl 'nen schlechten Tag...die Karte.
Dienstag, 15. Januar 2008
Intermezzo
Vergangenheet: Et muss méi gedronk gin!
Géigenwaart: Et muss méi geléiert gin!
Zukunft: Et hätt misse méi geléiert gin, mee lo muss méi gedronk gin!
Dorop kënt et eraus, denken ech.
Labels: text
Samstag, 12. Januar 2008
Wee wëll...
...ka bei der Tirett déi nei Fotoen aus dem Tram begutachten. Déi Rei/Série ass, ähnlech wéi d'Interview-Fotoen, aus Café-Cliché'en zesummegesat. Deelweis S/W, deelweis F(setzt hei en "u " an wann der aus dem Minett kommt)aarweg. Net vergiessen ze kommentéieren!
...ka mer erklären wéisou sou vill Buschaufferen eng Glatz hun.
...ka mer erklären wéisou een op der Gare souvill peinlech opgemotzten Autoen gesait.
...ka mer dann, falls en nach Zait huet erklären wéisou den Sonnenënnergang den Owend sou verdammt schei war a wéisou ech natirlech kee Faarwfilm dran hat.
Labels: empfehlung, link, text
Donnerstag, 10. Januar 2008
Hurra.

Et ass offiziell: ech sin de Beschten. Also de Blog. Also d'Fotoen.
Ech soen heimat Merci fir d'Rousen an da well ech nach umierken dass ech de Chris net perséinlech kennen an dass ech en och net bestach hun. Et dierft also kloer sin dass ech den Award verdéngen.
Soulaang de Yann net méi Fotoen eroplued an den Charel sai Blog net offiziell zum Photoblog emdeeft behalen ech meng Monopolstellung.
Ech warden gespant op d'Invitatioun fir d'offiziell Party.
Labels: text
Sonntag, 6. Januar 2008
"Ich fliege hier in meiner Rakete wer weiss ob ich meine Heimat die Erde jemals wieder sehen werde?"
Labels: text
Mittwoch, 12. Dezember 2007
for I am Moos(es)
Thou shalt not pimp my ride.
Thou shalt not scream if you wanna go faster.
Thou shalt not move to the sound of the wickedness.
Thou shalt not make some noise for Detroit.
onlylyrics.com
Labels: text
Donnerstag, 6. Dezember 2007
Samstag, 1. Dezember 2007
URGENT
Maacht Ierch an Ärer Gesellschaft e Gefalen a liest dat hei (am Fall wou der net scho besser driwwer Bescheed wësst): Dossier
Et ass en rekapitulativen Dossier mat intressanten Informatiounen iwwert d'Thema Iwwerwaachungsstaat, zesummegestalt vu Sokrates.lu.
D'Thema ass wichteg. D'Leit hu gréisstendeels keng Ahnung. Et gett e puer Sachen déi een der Bevölkerung kloer mache sollt.
Ausserdeem: panopti.com
Labels: text
Freitag, 16. November 2007
Pathologie
Ech froe mech grad wéiwait een Zwangsneurosen an Religioun verbannen kann. Di eng oder aner Parallel kënt mer spontan an de Kapp.
Total irrational Saachen emmer an emmer erem machen aus Angscht et géif eppes Schlemmes geschéien.
Montag, 12. November 2007
John Swaiton said:
“So etwas wie eine freie Presse gibt es nicht. Sie wissen es, und ich weiß es. Nicht einer unter Ihnen würde sich trauen, seine ehrliche Meinung zu sagen. Die eigentliche Aufgabe des Journalisten besteht darin, die Wahrheit zu zerstören, faustdicke Lügen zu erzählen, die Dinge zu verdrehen und sich selbst, sein Land und seine Rasse für sein tägliches Brot zu verkaufen. Wir sind Werkzeuge und Marionetten der Reichen, die hinter den Kulissen die Fäden in der Hand halten. Sie spielen die Melodie, nach der wir tanzen. Unsere Talente, unsere Möglichkeiten und unser Leben befinden sich in den Händen dieser Leute. Wir sind nichts weiter als intellektuelle Prostituierte.”
(via)
Mittwoch, 7. November 2007
Citatìon
"Denn wenn alles gesagt und getan ist, kommt es im Leben entscheidend darauf an, dass man in den Spiegel schauen und sagen kann: ich bin meinen Kernüberzeugungen treu geblieben. Und ich glaube, dass die Menschen das über mich sagen werden."
A lo kënt d'100.000$ Fro: Ween oder wat huet dat doten gesot?
Labels: text