Vermeulen Limited, en Zuch an der Prairie. --------------------- "Fussball. Eine Ball-Studie" ass eng Serie iwwert ronnt Lieder, Sonndegnomëtteger an taktësch Grillwurscht. Ausserdeem probéieren ech rauszefanne wisou 11 Männer heinsto plaakeg an de Vestiaire'e Schampës drénken. --------------------- Coincidences in Color sinn Zoufall, ech wees net wéi, wéisou a wéini Luucht op dee Film komm ass. --------------------- Vill Spaass!
E puer Photoen aus dem Alldag, op Zelluloid an aus Zuelen. Et ginn e puer Serien, Outtakes, L'hiver l'aime, Terrain privé,...déi meescht allerdings droen d'Auerzäit am Titel. Hudd der Froen, da schreiwt mer. Gefreet gëtt sech iwwert all Klick a Kommentar. Bis dann. mgindt-at-ulb.ac.be
7 Kommentare:
Huet eppes bedrohlesches, déi Kompositioun. Waat fir Viigel sin daat? Dauwen? Oder Kueben?
Ech tippen op Dauwen, du därfs awer och Kueben draus maachen, dat ass méi bedeitungsraich. Have it your way!
Ey, Mann, en Hond mat Hellegeschäin. Boah.
Ech soen et emmer rem: Saachen ginn et, déi ginn et net.
En Engelshond mécht dat ganzt direkt vill manner bedrohlech, oder fireball?
Groussen Smilie
Max,
J'organise un évènement le 8/2 à L'insomnia... Peuy-tu m'envoyer un mail pour qu'on en discute, j'aurais besoin de ton soutien...
++
brav
Kommentar veröffentlichen