Montag, 27. August 2007

Lo dauert et neméi laang...

...bis ech e puer Fotoen heihiposten. Sait kuerzem aus der Vakanz rem sinn ech vollgepaackt mat Tonnen Negativer an Dia'en. An dann all déi Digital... Op alle Fall sinn ech amgaangen all déi Saachen z'archivéieren, ze digitaliséieren an ze organiséieren.

Och wann et kee Schwain intresséiert, ech well awer nach hei soen dass ech d'läscht Nuecht gedreemt hun dass den Quentin Tarantino mai Papp wier. Am Uffank war ech just bei him doheem an en huet mer erzielt hie géif e kennen. Beemol ass mer awer opgefall dass en dem Tarantino verdammt ähnlech gesait. Dunn huet sech och schnell erausgestallt dass et tatsächlech mai Papp ass. Vlait en ennerbewosst Zeechen fier endlech mat Skript-schreiwen unzefänken? Time will tell...

A tantôt seet de Belge...

Keine Kommentare: