Montag, 16. Juli 2007

Erica Lee Chevillar

Ech wollt grad Simpsons kucken...mol rem engker. Stattdessen muss ech leider feststellen dass nach Taff leeft. Dat ass fier mech schon Grond genuch op de Knäppchen ze drecken mee ech hu mer geduet dass et jo sou schlemm net kéint sinn.
Irrtum: E klengen Reportage iwwert d'Erica Lee Chevillar huet mech relativ roosen gemaach. Dat huet Fotoen fier Bikini-Mode gemaach an ass lo an enger High School als Léierin agestallt. Et huet eng Websait mat enger Art Portfolio, dat ass zevill fier d'Elteren.
Taff no sollen déi d'Entlôssung vun der Mme. Chevillar fuerderen an drohen domat hier Kanner vun der Schoul ze huelen. Eng besuergt Mamm, d'Sue Smith, hätt baal ugefaang mat kraischen (!) wou se gewuer ginn ass dass och hiere Jong vun der Mme. Chevillar ennerriicht gëtt.
Oofgesinn vun engem relativ schlechten an bëllegen Reportag an net koherent Film-Material (et gesait een wéi d'E. Chevillar sech bei engem Shooting reckt a streckt woubai hat awer scho längst soll domat opgehaal hun) ass dës ganz Szen lächerlech an représentéiert alltrem en prüd an hypokritescht Amerika (ok nemmen Florida).
De Grond vun der Opreegung ass jo déi relativ plaakeg Duerstellung vun der Prof. wat, sou d'besuergt Mammen e schlecht Fierbild fier déi Jonk wier. Et ass Florida, et ass waarm an ech wëll de Kleeschen sinn wann een op der Plage keng méi plaakeg Leit gesait.

Déi ganz Saach reegt mech sou op well ech haut rem muss an den Norichten héieren dass am Irak opmanst 85 Leit bei engem Selbstmord-Attentat em d'Liewen koumen. Schlecht Fierbild???? THINK AGAIN!

Wann ech dann dat Sue Smith a sengem bordeau-rouden Auto mat beiger Liederausstattung sëtze gesinn an hat eechthaft behaapt et hätt baal missten uffänken mat kraischen (zitat:"it wasn't a nice scene") wéi sai Jong him bericht huet dass d'E. Chevillar seng Sozialkunde-Prof ass, jo dann kann ech nemmen de Kapp rëselen.

Keine Kommentare: