Mittwoch, 26. November 2008

Dienstag, 25. November 2008

Montag, 24. November 2008

Sonntag, 23. November 2008

Samstag, 22. November 2008

Donnerstag, 20. November 2008

Montag, 17. November 2008

BLOGATHON08 - Matongé



Matongé ass den Numm vun engem Quartier am Härze vu Bréissel. Och wann d'sozial Konflikter méi heefeg sinn ass et weder e Ghetto nach eng No-Go-Zone. Di méi intressant Lokaler fënnt een hei, oft mat engem Clin d'Oeil no Süden. Et wunnen a Matongé haaptsächlech Immigranten, gréisstendeels aus der ehemoleger belscher Kolonie, dem Congo. Méi Wierder wëll ech och net verléieren, bleiwt just nach ze soen dass dem Quartier vill méi Filmer gewidmet sollte ginn. Kuckt Ierch d'Bäitreeg vun den aanere Blogger un. A pardon fir de Retard.









BLOGATHON08- Sneakpreview



Merci fir d'Initiativ.

Hei de ganze Reportage.

Dienstag, 11. November 2008

Montag, 10. November 2008

Sonntag, 9. November 2008

Donnerstag, 6. November 2008

Mittwoch, 5. November 2008

Montag, 3. November 2008

Jetzt Neu!

D'Zäit vergeet an heinsto muss een en neie Film dramaachen. Et war Zäit ginn. Net ganz ouni Stolz bidden ech Iech den neien Design un. E kënt fräihaus mat neiem Header, neiem Numm, engem Editorial an enger winzeger News-Box. Wat een lo neméi hei gesäit, dat si Bord'en; déi brauche mer net. De Blog ass quasi borderless ginn. Ausserdeem vill méi breed, ganzer 200px. Wat bleiwt ass d'lëtzebuergësch Sprooch (iergendwéi ironësch). Och wann se net oft eng Roll spillt hei um Blog, sou wëll ech awer méng Plaz als éischte lëtzebuerger Photoblog net opginn, d'Photoe si jo emsou méi international.

Ech wëll och nach bei där Geleenheet Merci soen dass der kucke kommt. Ech si, ganz éierlech, frou doriwwer an drécken dat einfach mat engem kuerze Merci aus, wat soll ech och soss nach soen?

Wéi et den Zoufall wëll ass haut och den zweete Gebuertsdag vu Pianocktail, méng Gléckwënsch op dëser Plaz, ëmmer weider sou! A wa mer schon derbäi sinn, fir déi ganz wéineg déi se nach net kennen, gidd dach mol bei de Räissverschloss kucken, oder bei de Betz, déi wessen och wat se maachen.

Sou, den neie Film ass dran an ech hunn alles gesot, ech hoffen d'Photoe gefalen an ech hoffen dir hudd an de läschten 17 Méint eng Evolutioun gesinn, mir ass se net entgaang an ophale wärt se sëcher net. Et gëtt nach vill besser ier et méi schlecht gëtt.

Vive di aal Schoul!
Vive den Zelluloid!
Vive d'lëtzebuerger Weblogs!

09:08

16:34

Sonntag, 2. November 2008

Outtakes III

Bald Neu!

Jo. Geschwenn gëtt et hei e klengen Neistart, e méi soberen Design an en aaneren Header. D'Zäit vergeet a grad a méngem Alter entwéckelt een sech vu Mount zu Mount.
A wann ech schon hei amgaang sinn, loosst mech nach soen dass ech mech iwwert all Kommentar an all Klick free'en.

Op nei Photoen, en neie Kontext an soueppes wéi Spaas bei der Kontemplatioun!

11:44