Donnerstag, 30. August 2007

Fouer fréi moies






Ech hun am Moment Probleemer mat der Kalibréierung...an dat nervt.
Hei nach d'Resultater vu mengem traien Partner

Mittwoch, 29. August 2007

BILD dir deine Meinung

Bildblog

Merci un de Pianocktail.Blog. Dee Spot kënnt och op Comedy Central...

Dienstag, 28. August 2007

Highway

Déi meescht Fotoen déi ech an der Vakanz gemaach hun, hun ech op der Autobunn gemaach. Wann een 9 Stonnen do setzt an naischt ze maachen huet, jo dann kann et engem och mol langweileg ginn.

Ech hoffen ech kréien e bessen Feedback op déi Serie well ech se inhaltlech op engem gewëssen Niveau gesinn an se gären der Öffentlechkeet weisen wëll. D'Bearbechtung ass nach net sou wéi ech dat gären hätt, et ass awer en éischten Aperçu op déi färdeg Saach, virun allem un Konsistenz feelt et der Bearbechtung nach.

Ech si gespaant op all Kritik!

highway

Montag, 27. August 2007

MOTION



Voila main éischten Filmchen. D'Handlung ass relativ dënn mee et kann wuel allmënsch vum selwen drop kommen dass et hei ëm dat Visuellt geet.

Sou huet dat ausgesinn

Lo dauert et neméi laang...

...bis ech e puer Fotoen heihiposten. Sait kuerzem aus der Vakanz rem sinn ech vollgepaackt mat Tonnen Negativer an Dia'en. An dann all déi Digital... Op alle Fall sinn ech amgaangen all déi Saachen z'archivéieren, ze digitaliséieren an ze organiséieren.

Och wann et kee Schwain intresséiert, ech well awer nach hei soen dass ech d'läscht Nuecht gedreemt hun dass den Quentin Tarantino mai Papp wier. Am Uffank war ech just bei him doheem an en huet mer erzielt hie géif e kennen. Beemol ass mer awer opgefall dass en dem Tarantino verdammt ähnlech gesait. Dunn huet sech och schnell erausgestallt dass et tatsächlech mai Papp ass. Vlait en ennerbewosst Zeechen fier endlech mat Skript-schreiwen unzefänken? Time will tell...

A tantôt seet de Belge...

Mittwoch, 15. August 2007

Unforgettable Moments #1

                                  FABIAN
Butch, whose motorcycle is this?

BUTCH
It's a chopper.

FABIAN
Whose chopper is this?

BUTCH
Zed's.

FABIAN
Who's Zed?

BUTCH
Zed's dead, baby, Zed's dead.

Sonntag, 12. August 2007

Donnerstag, 9. August 2007

Dienstag, 7. August 2007

Szeen 1 Take 1




Ech kucken Lost in translation. Sin impressionéiert. Géif ech nemmen Coppola heechen. On gagne pas à tous les coups.

Bei Zoot Woman sin ech dann definitiv inspiréiert a graifen zuer Knipsmaschinn.

Sonntag, 5. August 2007