Montag, 28. Mai 2007

Gebuertsdaach: Party oder Business?

Statistech gesinn hun 95% vun der Mënschheet en Gebuertsdatum, de Recht huet e vergiess an ass also nie gebuer. Am Okzident gett deen och kostenintensiv an deelweis medienwierksam gefeiert. Sou zum Beispill dem Grand-Duc sain, deen een (allerdings nemmen zu Lëtzebuerg komescherweis) all Joer Uffanks Summer an der Staad gebührend feiert. Mee net nemmen hien feiert, och d'Industrie feiert.
En oft négligéierten Aspekt vum Gebuertsdaag ass de wirtschaftlëchen Impakt. Wann een lo en Gebuertsdaag vun der Persoun X, reng ekonomesch betruecht, analyséiert erkennt een déi eenorm Plus-value déi duerch déi Traditioun ensteet. Virementer, Spuerkontoen jo souguer SICAVen kennen aus dem eenzegen Grond vum Gebuertsdaag sou den Propriétaire wiesselen. Déi ganz Konsommatioun vun mëttel bis staarken Alkoholika huet natierlech en gewaltegen Impakt op de Krankekeesenbilan. En aanren "volé" ass deen vum Boulangers-sekteur. Wien mecht dann de ganzen Boni bei der Affär? Natierlech, de Bäckermeeschter an sain gudden Kolleeg den Patissier. Statistech gesinn feieren 90% vun deenen 95% hieren Gebuertsdaag mat engem Kuch vum Fischer oder vun der, zu Lëtzebuerg nei établéierter englescher Chaine, "Bakes". Do si mer am Ganzen schon bei méi wéi 200% an dësem Artikel.

Et léisst also alles doropshin schléissen dass mer et beim Gebuertsdaag em eng offensichtlech konspirativ-geféierten Aktioun seitens der Industrie an dem Dingschtleeschtungssekteur ze dinn hun, déi en vue vun enger Aktivitéitssteigerung dem ahnungslosen Konsument ënnert d'Nues gehaale gett.


Disclaimer: frai erfonnt, och d'Zuelen :)

3 Kommentare:

Thierry hat gesagt…

Do kann ech dann elo mol ganz stolz behaapten, dass ech mech net vun der Industrie manipuléiren loossen, well ech hu mäi Gebuertsdag schon e puer Joër net méi gefeiert. :)

the_zipper hat gesagt…

Majo ech schleissen mech dem Thierry un och ech feieren schon eiweg keen mei mee kasseieren just nach suen vun der famill kann een natirlech och rem sou gesinn dass een do industrie ennerstetzt well am endeffekt ginn ech mer jo rem artikel mat deenen suen kaafen wouvir ech soss keng suen hätt! mee bon wann mer et sou kucken ass dach alles op industrie getrimmt all feierdach ass an der teschenzeit just eng komerziell sach ginn op lo kreschtdach oder nach e bessert beispill an an mengen aan deen rengsten quatsch nähmlech valentinsdach waat do fleuristen all joer milliounen emsatz maan just deen een dach vir dass fraleit net rosen ginn well se emmer op deen scheiss ran faalen an drun gleewen wei och emmer wann ech meng frendin gären hun brauch ech keen valentinsdach vir him daat ze soen!

Thierry hat gesagt…

Meng Astellung zu Blummen ass: dat ass net romantesch engem Meedchen eppes ze schenken wou et just ka nokucken wéi et lues a lues futti geet. :D